Just den ADR-Deputéierte Fred Keup huet dogéint gestëmmt. Déi aner Oppositiounsdeputéiert, grad wéi d’Deputéiert vun de Regierungsparteien, hu sech no der Sëtzung zefridde gewisen.
De Marc Baum gesäit kee groussen Ënnerscheed
Vun engem ganz staarken Zeechen huet d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding geschwat. Et wier een enorme Fortschrëtt, datt d’Fräiheet op Ofdreiwung an der Verfassung verankert soll ginn. et kéint een houfreg sinn, datt Lëtzebuerg no Frankräich, dat zweet Land an der EU ass, dat d'Recht op d'Selbstbestëmmung vun der Fra an d'Verfassung ophellt, esou d'Taina Bofferding.
Ëm de Begrëff - Fräiheet oder Recht - gouf an de leschte Woche vill diskutéiert. Fir de lénken Deputéierte Marc Baum, deen den éischten Text, mam Begrëff "Recht", ausgeschafft hat, gëtt et do awer kee groussen Ënnerscheed.
"An d'Lektür ass, mengen ech, zimmlech kloer, datt d'Droit an d'Liberté an där Sektioun, wou se dra stinn, ënner d'Liberté-publicken, dee selwechte Stellewäert hunn, dee selwecht Schutzmechanismen hunn."
Ëm dee Schutz wier et schliisslech gaangen, esou nach de Marc Baum.
Neie Begrëff méi "konsensfäeg"
Fir d’DP-Deputéiert Simone Beissel war et awer wichteg, datt ee sech op de Begrëff "Fräiheet" eenege kéint.
"Ech hat déi Formule ausgeschafft, fir eng eng Propos ze maachen, fir och ze kucken, dass och eise Regierungspartner d'CSV kéint domat liewen. Dem Marc Baum seng Propositioun, déi war exzellent, ass an d'Richtung gaang, mee ech hunn awer fonnt, well ech awer trotzdeem Verfassungsspezialist sinn, et war mir ze staark. An do hunn ech ugefaangen déi international Texten ze liesen an do hunn ech fonnt, d'Liberté, dat géif besser passen, an dat wier och vläicht méi konsensfäeg vun all de Säiten."
Zweedrëttelmajoritéit gëtt gebraucht
Och den CSV-Kommissiounspresident Laurent Zeimet weist sech no der Sëtzung zefridden, datt den Text elo sou wäert un e Staatsrot weidergi ginn.
"Am Ufank huet dat jo och net onbedéngt no engem Konsens ausgesinn. An dofir begréissen ech, datt vun alle Säiten jidderee bereet war, e Schrëtt op deen aneren duerzegoen."
Fir eng Ännerung an der Verfassung virzehuelen, brauch et eng Zweedrëttelmajoritéit. Wéini dee Vott an der Chamber wäert sinn, ass iwwerdeems nach net gewosst.