Dat géif dem Staat manner Spillraum loosse fir ze investéieren.
D‘Cour des Comptes begréisst, datt de Finanzminister Gilles Roth ekonomesch Mesuren annoncéiert huet, fir enger ze staarker Scholde-Croissance entgéint ze wierken. Allerdéngs wieren esou Mesuren nach net am aktuelle Budgetsprojet dran, konstatéiert de Rechnungshaff.
Staatsschold klëmmt em 41 Prozent
Fir d‘Evolutioun vun der Staatsschold ze weisen, baséiert d‘Cour des Comptes sech op Budgets-Previsiounen: Deemno soll d‘Staatsschold an der Period 2023-2027 ëm ronn 7 Milliarden oder bal 41 Prozent weider klammen. Parallel dozou géifen awer och d‘Tauxe vun den Zënse klammen. Fir de Staat géifen dowéinst Emprunte vill méi deier ginn, sou d‘Cour des Comptes.
Bei den ëffentleche Recette spillt virun allem de Finanzsecteur eng predominant Roll. Bei der Kierperschaftssteier fir d’Betriber wieren zejoert bal 71 Prozent aus dem Finanzsecteur erakomm.
Alles an allem wënscht sech de Rechnungshaff vum Ministère méi konkret Prezisiounen doriwwer, a wéi enge Ministèren a Verwaltunge wéi vill gespuert muss ginn.