Radioen

On air

Tockcity  |  Flying Lotus, Sid Sriram - The Lost Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rassistesche Parolen op Sylt: Bar verdeedegt hirt Verhalen

Dàitschland

Rassistesche Parolen op Sylt: Bar verdeedegt hirt Verhalen

No dem rassistesche Virfall an enger Bar op Sylt hunn d‘Bedreiwer vun der concernéierter Bar eng Plainte gemaach. Gläichzäiteg hu si hiert Verhale wärend dem Eclat zum Zäitpunkt vum Eclat verdeedegt. Wann d‘Personal dëst Verhale matkritt hätt, wier direkt reagéiert ginn.

auto_stories

1 min

An engem Video, deen zanter virgëschter public ass an op de soziale Medie staark verbreet gëtt, sangen eng Partie jonk Clienten an enger Bar op Sylt nationalistesch a rassisstesch parolen a maachen den Hitler-Gruss. Mëttlerweil enquêtéiert den däitsche Staatsschutz an dëser Affär wéinst Volleksverhetzung.

Och eng Rei däitsch Politiker hu sech schockéiert iwwer de Virfall gewisen: ënnert anerem de Bundeskanzler Olaf Scholz an d‘Inneministesch Nancy Faeser hunn d‘Verhale vun de Jonken um Video staark kritiséiert.