Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet déi Attack denoncéiert an huet mat enger Géigenaktioun géint déi islamistesch-libanesesch Hizbollah gedreet. D‘Hizbollah huet séier dementéiert, eppes mat der Attack ze dinn ze hunn. D’Golanhéichte gehéiere vëlkerrechtlech zu Syrien, mee goufen 1967 am 6 Deeg Krich vun Israel besat an 1980 annektéiert.
An der Gazasträif huet eng israeelesch Attack eng Schoul getraff, 30 Mënsche wieren do ëm d’Liewe komm, huet d‘Hamas de Samschdeg annoncéiert.