RTL Däitschland wëllt seng Positioun an de Beräicher Entertainment, Sport an News am däitschsproochegen audiovisuelle Secteur ausbauen. Domadder wéilt een op Aenhéicht bleiwe mat den amerikanesche Streamingplattformen Netflix an Amazon Prime.
D’Mark Sky géif weider an Zukunft genotzt ginn, well dat ee vun de stäerksten Entertainment- a Sportssender ass.
Béid Betriber stéingen net a Konkurrenz. Sky lieft vun den Abonnementer an RTL finanzéiert sech iwwer d’Publicitéiten.