arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ RTL/Lunghi: Appelsurteel wéinst "Rupture du délibérée" verréckelt

Justiz

|
headphones

1 min

RTL/Lunghi: Appelsurteel wéinst "Rupture du délibérée" verréckelt

An der RTL/Lunghi-Affär kënnt et net den 29. Oktober, wéi virgesinn, zum Appellsurteel, wéinst enger „Rupture du délibéré“. Dat well d‘Berodunge vun de Riichter, fir zu engem Urteel ze kommen ënnerbrach goufen.

headphones

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Aus medezinesche Grënn wier ee vun de Riichter op onbestëmmt Zäit verhënnert.  Den 18. an de 25. Mäerz d’nächst Joer gëtt den zweete Prozess domat nees nei opgerullt: D’Justiz huet déi entspriechend 100,7-Informatioune confirméiert.

Ufank Mee war den Appellprozess ëm d’medial Couverture, duerch RTL, vun engem Interview mam Enrico Lunghi u sech op en Enn komm. An där Affär geet et jo ëm en Interview vun Telé Lëtzebuerg, dat d’Sophie Schram am September 2016 mam deemolege Mudam-Direkter gemaach hat. Dobäi hat deen ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht.