Den RSV-Virus (Respiratoire Syncitial Virus) kann zu schwéieren Erkrankunge vun den Otemweeër féieren (Bronchiolite) an ass bei klenge Kanner déi heefegst Ursaach fir eng Hospitalisatioun an der Kannerklinik. Iwwerdeems ass den RSV déi zweet heefegst Ursaach fir infektiéis Doudesfäll bei Kanner ënnert engem Joer.
Schwanger Persounen, déi an der Grippesaison (also tëschent September a Februar) sollen accouchéieren, gëtt eng Impfung géint den RSV recommandéiert. Ënnert der Konditioun datt d'Schwangerschaft normal verleeft. Eng Impfung wärend der Schwangerschaft suergt dofir, datt d'Kand scho mat den néidegen Antigenen op d'Welt kënnt an esou géint eng Infektioun mam RS-Virus geschützt ass.
Zënter Oktober 2023 ginn zu Lëtzebuerg Impfcampagnë fir Neigebuerener duerchgefouert. Dobäi ginn d’Puppelcher nach geimpft, ier se d’Maternité verloossen. Dat gëllt fir alleguer d’Kanner, déi an der Wanterperiod op d’Welt kommen.
Méi Informatiounen zu de Recommandatioune fannt Dir hei.
De Factsheet vun der Santé zu de recommandéierten Impfunge fir schwanger Persounen.