Radioen

On air

Grousse Kino  |  Mir hunn e Plang

play_arrow Live
search

/ RN soll Afloss op d'Nominatioun vum Michel Barnier gehat hunn

Franséisch Medie mellen

RN soll Afloss op d'Nominatioun vum Michel Barnier gehat hunn

Fir deen neie franséische Premier Michel Barnier geet et an eng Woch voller Verhandlungen en vue vun der Regierungsbildung. Verschidde Parteie stelle schonn Uspréch. Iwwerdeems melle franséisch Medien, de rietsextreeme Rassemblement National hätt Afloss op dem Barnier seng Nominatioun gehat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk

De Michel Barnier koum gëschter mam eemolege Premier a Chef vun der Partei Horizons, dem Edouard Philippe, zesumme fir iwwer eng méiglech Regierungsbedeelegung ze diskutéieren. Kuerz no der Entrevue war aus der Partei ze héieren, de Premier misst Horizons an enger neier Regierung berücksichtegen. 

D'Regierung muss ee Mësstrauensvott iwwerstoen

Wéineg méi spéit war och de François Bayrou, Chef vun der Partei MoDem op Besuch beim Barnier, an och hie sot, eng Bedeelegung un der Regierung wier selbstverständlech. Béid Parteie ware jo Deel vun der leschter Regierung ënner dem Gabriel Attal a wëllen elo nees Ministèren iwwerhuelen. 

De Michel Barnier wäert dës Woch sécherlech nach verschidde Parteien a Perséinlechkeete gesinn, fir eng Regierung ze bilden, déi e Mësstrauensvott an der Assemblée iwwerstoe kann. Dëse gëtt nämlech grad vun der Lénksallianz Nouveau Front Populaire organiséiert.

Manuel Bompard schwätzt vu Bedruch un de Wieler:innen

De Chef vu La France Insoumise, de Manuel Bompard, war um Sonndeg Invité op CNews a sot, d'Nominatioun vum Barnier wier op een Accord tëschent dem President an de Rietsextreemen zeréckzeféieren. Hien huet sech dobäi op e Bericht vum Journal du Dimanche baséiert an dem Macron Bedruch u senge Wieler:inne virgehäit.

D'Marine Le Pen vum RN sot iwwerdeems, de Macron hätt d'Konditioune vum RN fir e Premier berücksichtegt, de Barnier wier awer eng Noutléisung, an et géing een him rout Linnen opzeechnen, déi hien net ignoréieren dierft. Soss géing den RN mat engem Mësstrauensvott reagéieren.

Lauschterenplay_arrow