E Konsortium vu lëtzebuergeschen, belschen a franséischen Entreprisë krut den Optrag. Colas Projects SAS, Colas Belgium, Colas France, Felix Giorgetti, Karp-Kneip Constructions an JDC Airports.
Neie Goudron bannent just e puer Stonnen
Tëschent 2021 an 2023 ware Baggeren, Camionen a Walzen nuets tëschent 23 Auer owes a 6 Auer moies op der 4 Kilometer laanger Pist ënnerwee. Den Challenge war grouss.
Bannent nëmmen e puer Nuetsstonnen huet de ganze Goudronsbelag vun der Pist missten ofgeschlaff an erneiert ginn. 300.000 Tonne Goudron hu missten op 240.000 Meterkaree Fläch opbruecht ginn an dobäi huet de Fluchverkéier daagsiwwer missen normal lafen.
D‘Aarbechte goufen zwar bannent den Delaien ofgeschloss, mee et gouf ganz séier Reklamatiounen iwwer Schied op der Pist, Rëss a gesprengte Goudron.
Net dat gewënschte Resultat
Mëtt dës Joers huet d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes déi Problemer an engem Interview am Lëtzebuerger Wort missen zouginn.
"Dass diese Start- und Landepiste einwandfrei funktioniert, ist wichtig, nicht zuletzt aus Sicherheitsgründen. Allerdings gab es wiederholt Zwischenfälle und Mängel wurden festgestellt, die für eine renovierte Landepiste eigentlich nicht normal sind."
Fir eng Geriichtsaffär wier et nach ze fréi
lux-Airport hat den Optrag verginn. Am leschten Oktober huet de lux-Airport Direkter Alexander Flassak um Radio 100,7 Detailer geliwwert.
"Wir sind mit dem Ergebnis ganz sicher nicht zufrieden. Es gab schon mehrere Nachbesserungen an der Start- und Landebahn. Das heisst wir werden jetzt noch nach mal weidere Sanierungsmassnamen an der Start- und Landebahn vornehmen müssen. Es ist nicht das Ergebnis, was wir erwartet haben. Aber wir sind trotzdem im Moment noch im konstruktiven Austausch mit den ausführenden Unternehmen, mit dem planenden Unternehmen und haben entsprechende Experten auch eingeschaltet."
Nach wier et awer net esou wäit, datt ee misst op d‘Geriicht goen, esou nach den Alexander Flassak.
"Das wird gerade definiert, wie weit man nochmal Flächen sanieren muss. Es gibt mit Sicherheit noch Arbeiten, die uns bevorstehen."
Nuetsaarbechte gi weider
Eng extern technesch Expertis huet d‘Schied un der Pist allefalls confirméiert. Et ass deemno den ënneschten ale Goudronsbelag, dee Problemer mécht, well en net méi dicht ass a Waasser infiltréiert. Dee gouf jo net ofgeschlaff, fir datt d‘Pist konnt a Betrib bleiwen.
Virleefeg gëtt elo nuets do reparéiert, wou et néideg ass. Ausfäll vu Volle sollen et bis elo net gi sinn, heescht et vu lux-Airport.
Allerdéngs ass net ausgeschloss, datt eventuell Revendicatioune bei dësem 150 Milliounen Euro deiere Projet um Enn awer nach viru Geriicht landen.