arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Putin, Modi a Kim Jong Un zu Gaascht a China

Shanghai

|
headphones

1 min

Putin, Modi a Kim Jong Un zu Gaascht a China

A China ass vun haut un een Treffe vun der Shanghaier Organisatioun fir Zesummenaarbecht. D’Staats- a Regierungscheffe sinn zu Tianjin zesummekomm. Et ass dëst eng Hafestad am Norde vu China. De President Xi Jingping soll do e puer Rieden halen, an och Annoncë maachen.

headphones

1 min

De chineesesche President Xi Jinping  | © picture alliance / ROPI | Alex Ferro
De chineesesche President Xi Jinping (Foto: picture alliance / ROPI | Alex Ferro)

Op der Lëscht vun de Vertrieder stinn ënner anerem de russesche President Wladimir Putin, den indesche Premier Narendra Modi. Och den Iran an d’Tierkei huelen drun Deel. Fir haut um Sonndeg gi sech just bilateral Gespréicher erwaart. 

E Mëttwoch ass dann ee grousse Militär-Defilé, deen den 80. Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich commemoréiere soll. Do soll ochd en nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un present sinn.