Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Putin warnt Südkorea viru weidere Waffeliwwerungen un d'Ukrain

Ukrainkrich

Putin warnt Südkorea viru weidere Waffeliwwerungen un d'Ukrain

De russesche President Wladimir Putin huet elo Südkorea dogéint gewarnt, Waffen un d‘Ukrain ze liwweren. Sollt dat awer passéieren, géif Russland Decisiounen huelen, déi der südkoreanescher Regierung "net gefalen“.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Do virdrun hat Südkorea déi strategesch Partnerschaft, déi déi russesch an déi nordkoreanesch Regierung e Mëttwoch agaange sinn, schaarf kritiséiert, a vun engem Verstouss géint UNO-Sanktioune geschwat.

D‘USA wëlle sech net vun de russesche Warnungen impressionéiere loossen

Si wäerten d'Ukrain weider beliwweren ënner anerem mat Rakéite fir d'Loftofwiersystemer vum Typ Patriot an Nasam. De John Kirby vum nationale Sécherheetsrot sot, dofir misste Rüstungsliwwerungen un aner Länner no hanne verréckelt ginn. Dat wier eng schwiereg, mee noutwendeg Decisioun, sot de Kirby, d'Besoine vun der Ukrain wieren urgent.