arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess wéinst Doudschlag zu Bouneweg

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Prozess wéinst Doudschlag zu Bouneweg

Wéinst engem Doudschlag, am Januar 2021, zu Bouneweg kritt zanter de Moien e jonke Mann um Stater Geriicht de Prozess gemaach: Zum Zäitpunkt vun der Dot hat den Ugekloten eréischt 17 Joer.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht - klenge Sall 1.04 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - klenge Sall 1.04 (Foto: Eric Ewald)

Deemools war et am fréien Owend am stater Quartier zu enger Ausernanersetzung tëscht Jonke komm. Am Sträit goung et ëm Drogen, an um Enn hat deen ugeklote Jonken en anere vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.

Aenzeie schwätzt vu Sträit tëschent véier Leit

Den Haaptbeschëllegten, haut 22 Joer al, hat d’Affer an d’Häerz gestach. Den Ugeklote sot de Moie virun de Riichter, d’Reprochë géife sech richteg unhéieren. Matugeklot ass een haut 23 Joer ale Mann.

Dee soll am Verlaf vum Sträit mat enger Matraque drageschloen hunn, déi dat spéidert Affer matbruecht hat. Eng Aenzeie sot, si hätt deen Owend gesinn, datt et zu Sträit koum, tëschent véier Leit “wéi ëmmer”. Dunn hätt si gesinn, wéi d’Affer néiergestach an ëmgefall wier, an zwou Persounen, déi fortgelaf wieren. Et wier alles séier gaangen, an et hätt vill Hin an Hier ginn, sou déi jonk Fra.

Affer nach op der Plaz gestuerwen

De Sträit hat sech am spéiden Nomëtteg ugedeit, wéi de Matugekloten den Haaptbeschëllegten iwwer eng App menacéiert hat. Nawell goung den Haaptbeschëllegten op de Rendez-vous op Bouneweg, mat engem Messer an der Täsch, wéinst der “geféierlecher Plaz”.

Dat Messer hätt hien op eemol aus der Täsch geholl a viru sech gehalen. Dat sot ee Psychiater viru Geriicht aus. Nawell hätt hie vum spéideren Affer eng mat der Fauscht kritt. An engem Reflex, respektiv instinktiv hätt hien dunn eng Beweegung mam Messer gemaach. D’Affer wier doropshin e puer Schrëtt hannerzeg gaangen an ëmgefall. De Mann wier trotz Reanimatioun nach op der Plaz gestuerwen. Hie wier verblutt duerch de Stach an d’Häerz. Dem zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire no louch d’Waff um Enn um Buedem, nieft dem Affer.

Affekot fuerdert insgesamt 500.000 Euro Schuedenersatz

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Me Frank Wies, Affekot vu Familljemembere vum Affer, 200.000 Euro Schuedenersatz gefrot fir de Papp a jee 100.000 Euro fir déi dräi Geschwëster vum jonke Mann. Donieft riskéiert den Haaptbeschëllegte wéinst Doudschlag eng zolidd Prisongsstrof.

Dëse Prozess ass op 4 Deeg ugesat.

play_arrow Lauschteren