3 Joer nodeems déi zerstéckelt Läich vun enger Fra vun Dikrech an der Grenzregioun fonnt gouf, kéint et deemnächst zum Prozess kommen. Dat mellt den Trierischer Volksfreund. D‘Enquête wier Enn Mee ofgeschloss ginn an de presuméierten Täter soll elo wéinst Mord viru Geriicht kommen.
Déi deemools 40 Joer al Portugisin, déi zu Lëtzebuerg gelieft huet, war am August 2022 ëmbruecht ginn. Duerno waren Deeler vun der Läich zu Mont-Saint-Martin an am däitschen Temmels fonnt ginn.
De Mord ass bis haut net ganz opgekläert, mee kuerz nom Virfall war e Mann vun 48 Joer hei zu Lëtzebuerg festgeholl ginn, deen zënterhier an Untersuchungshaft sëtzt.