Radioen

On air

One World  |  Chase The Devil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess iwwer d'Iwwerhuele vu Boissons Heintz duerch d'Brasserie Nationale

Maartdominant Positioun?

Prozess iwwer d'Iwwerhuele vu Boissons Heintz duerch d'Brasserie Nationale

D’Brasserie Nationale an hir Filial Munhowen wiere sech virum Europäesche Geriichtshaff géint eeng Decisioun vun der EU-Kommissioun. Déi war der Meenung, datt d‘Iwwerhuele vu Boissons Heintz duerch d’Brasserie Nationale via Munhowen den Handel kéint affektéieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Brasserie Nationale a Munhowen waren domat net d’accord a fechten dës Decisioun vu Bréissel elo virum Tribunal vum Europäesche Geriichtshaff un.

An der Haaptsaach hunn d’Affekote vun der Brasserie Nationale a vu Munhowen argumentéiert, datt d’Bréisseler Decisioun schlecht begrënnt war. Ee vun den Affekoten ass de Jean-Louis Schiltz, fréieren CSV-Minister a President vum Verwaltungsrot vun der Brasserie Nationale.

Weltwäit Nummer 1, AB InBev, wollt Boissons Heintz net kafen

Där hiren Administrateur délégué Georges M. Lentz jr sot um Donneschdeg, datt AB InBev, déi weltwäit Nummer 1, 10 Prozent vu Boissons Heintz hat, den Distributeur awer net kafe wollt. De Patron vu Boissons Heintz wier du bei d’Brasserie Nationale komm, an et hätt ee sech fir d’Iwwerhuele vu Boissons Heintz entscheet.

Kuerz drop wier een da vun AB InBev ugesicht ginn, erkläert de Georges M. Lentz Jr. 

"Dat ass ebe sou am Geschäft. Déi si grouss, an déi hunn de Pouvoir - dat gesi mer jo hei -, datt se da klaatsche ginn, an dann hu mir de Misär."

De Jean-Louis Schiltz hat dann och d’Impressioun, datt d’Lëtzebuerger Konkurrenzautoritéit dem Drock vun AB InBev noginn hätt.

Maartundeel vun op d'mannst 70 Prozent

Op Säite vun der EU-Kommissioun huet een dogéint op den nationale Maartundeel vun iwwer 70 Prozent vun der Brasserie Nationale mat Munhowen a Boissons Heintz verwisen. Fir d’Affekotin vun AB InBev léich deen Undeel souguer bei tëscht 70 an 90 Prozent, wouvu Mousel an Diekirch betraff wären. Virun der Reprise hätt d’Brasserie Nationale schonn eng dominant Positioun gehat. Duerno wär doraus eng super-dominant ginn.

An e puer Wochen dierft den Europäesche Geriichtshaff an dëser Affär tranchéieren.

Lauschterenplay_arrow