Fir de Procureur vun Dikrech Ernest Nilles hat den Ugekloten Täterwëssen a wier jalous gewiescht op den neie Frënd vum Affer. An den Ae vum Mann senger Affekotin géif dogéint dee richtege Responsabelen, den Neveu vum Beschëllegten, duerch en Onschëllegen ersat ginn.
Verdeedegung stellt Leidenschaft als Motiv a Fro
Fir d’Me El Handouz séiz dee Falschen op der Uklobänk an dee Richtegen, den Neveu, a Marokko: E Land, dat seng Landsleit net ausliwwert.
Et géif - entgéint den Aussoe vum Vertrieder vum Parquet - kee leidenschaftlecht Motiv vun hirem Client, mee e finanziellt vum Neveu virleien. Deen hätt dem Affer fir e Schäibestiednis solle Sue ginn, déi awer net gehat.
Hire Mandant wier dem Ex-Frënd vum Affer géintiwwer net jalous gewiescht an deemno wuel och net vis-à-vis vum Affer sengem neie Frënd. Den Neveu dogéint wier esou séier an Nordafrika ugaangen, well hien den Auteur vum Verbrieche wier.
Ugeklote gëtt zou, gehollef ze hunn
Familljememberen no wier den Neveu e Psychopat, deen domat gedreet hätt, d’Affer ze zerstéckelen, wat jo dann och geschitt wier, esou d’Affekotin vum Beschëllegten.
An den zwee Méint no der Dot ware Stécker vun der Läich zu Mont-Saint-Martin a Frankräich an zu Temmels an Däitschland fonnt ginn. Um Ufank vun der Sëtzung hat den Ugekloten nach emol zouginn, beim Zerstéckele vun der Läich gehollef ze hunn. Dunn huet hien och méi zouginn, wéi bis dohin.
Parquet hält un der Jalousie als Motiv fest
An den Ae vum Vertrieder vum Parquet ass d’Saach dann och kloer: De Beschëllegten hätt gewosst, datt d’Fra duerch Gewalt géint den Hals ëmkoum. Dat kéint just den Auteur vun der Dot wëssen. D’Motiv wier d’Jalousie vum Mann op den neie Frënd vum Affer. Hien hätt der Fra vis-à-vis och Doudesmenacë formuléiert.
Alles géif fir den Ugekloten als Auteur schwätzen, mee dee bléif bei senger Ausso, datt et den Neveu war.
Urteel gëtt am Februar geprach
De Mord wier mat Virsaz geschitt a kalbliddeg ausgefouert ginn. De Procureur huet vun engem "crime crapuleux" geschwat. D’Me Peixoto, Affekot vum Fils vum Affer, hat iwwerdeems nach Schuedenersatz an Héicht vun 140.000 Euro fir dee Mann gefuerdert.
De 5. Februar gëtt d’Urteel gesprach.