An deem Kontext muss deen elo Condamnéierte véier Persounen 255.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.
Sträit ëm Drogen
De Me Marc Lentz, Affekot vum elo Condamnéierten, huet an enger éischter Reaktioun bedauert, datt d'Riichtere keng manner héich Strof gesprach hunn, esou wéi hien dat gefrot hat.
"Richteg Zeie konnten net weider Kloerheet bréngen, Mir haten ënner anerem d'Selbstverteidegung, d'legitimm Defense, plädéiert. Mir haten awer och d'Provokatioun säitens der Victimm soulevéiert. Dat ass net zeréckbehale ginn."
Et hätt een och argumentéiert, datt de Client schonn eng Jugendstrof ofgesiess hätt, esou de Me Lentz.
"Dat schéngt vun engem point de vu juridique net mat en compte geholl ze ginn. Da si mir mol gespaant, wéi dat motivéiert ass, an da wäert vläicht nach eng Kéier Riichtere sech doriwwer de Kapp zerbriechen."
De Matugekloten, dee mat enger Matraque drageschloen hätt, ass iwwerdeems zu néng Méint Prisong mat Sursis verurteelt ginn an zu enger Geldstrof vun 1.500 Euro.
Virun eppes méi wéi fënnef Joer war et am fréien Owend am Stater Quartier zu enger Ausenanersetzung tëschent Jonke komm. Am Sträit goung et ëm Drogen an um Enn hat deen deemools 17 Joer jonke Mann ee vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.