Nodeems den OGBL lescht Joer eng éischte Kéier d’Sozialwale bei der Busentreprise gewonnen hat, wier dem Delegatiounspresident virgeworf ginn seng Aarbecht net richteg ze maachen. Dat wier esou wäit gaangen, datt d’Direktioun en Affekot geholl hätt an den Delegéierte mat enger mise à pied menacéiert hätt, esou de Sveinn Graas weider. Nodeems et méintelaang keng Gespréicher tëschent béide Partië ginn hätt, wier d’Situatioun den Ament awer nees e bësse besser.
"Allerdéngs ass et bis elo genau dat. Et si just Gespréicher. Also et si keng verbindlech Engagementer dobäi, wat ee ganz Grupp Punkten ugeet."
De Spriecher vum OGBL kritiséiert, datt d'Direktioun hire Feeler net unerkenne well, "nämlech den Affekot op eisen Delegéierten ze hetzen, den Avertissement zréck ze zéien an esou weider."
Fräistelle vum Delegéierten
Weiderhi wier bis dato näischt Verbindleches festgehale ginn. Och net wat Stonne vum fräigestallten Delegéierten ugeet: "Deen natierlech an engem Schicht-Betrib och wierklech zu all Zäit muss kënne bei d'Salariée goen, och wann dat heiansdo dann um sechs Auer moies ass oder méi fréi", esou de Sveinn Graas.