Mënschen aus iwwer 50 Natiounen hätte sech an Ägypten zesummefonnt fir friddlech géint d'Blockade vun Hëllefsgidder an d'Virgoe vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif ze manifestéieren. 48 Kilometer wollte si vun Al Arish bis un de Grenziwwergang Rafah am Süde vu Gaza zesummen trëppelen, esou den Abdessamad Taqui, ee vun de 5 Lëtzebuerger Residenten, déi an Ägypte waren.
"Menschen aller Nationalitäten, jeden Alters, mutig, stark, friedlich und voller Liebe, Muslime, Christen, Atheisten, Buddhisten, Juden. Da habe ich verstanden: Diese Menschen atmen Freiheit."
De But vun der pazifistescher Aktioun wier virun allem gewiescht, op déi provozéiert Hongersnout a Gaza opmierksam ze maachen an international Auteuren zum Handelen ze beweegen. Änlech war och der Zineb Bouanani hir Motivation fir matzegoen.
"Pour moi, quand on m'a dit qu'il y avait cette marche, je ne me suis même pas posé la question. Déjà parce que j'en peux plus, ça fait des décennies que ça dure, donc c'était une évidence, si je peux le faire, ne serait-ce qu'elle ait marché, comme je le dis, c'est vraiment facile, je vais le faire."
D'Virgoe vun den Autoritéiten huet iwwerrascht
Mee déi ägypteschen Autoritéiten hätte vun Ufank u verhënnert, datt déi ronn 4.000 Aktivisten an Aktivistinne sech an Ägypten zesummefannen a regroupéiere konnten. An dat obwuel d'Marche offiziell annoncéiert war, esou de Bilan vun de 5 Aktivisten.
D'Zineb Bouanani wier direkt um Flughafen zu Kairo festgehale ginn, erzielt hir Compatriotin Maya Garman. No eng Nuecht hätt si de Flughafe verloosse kënnen. Den Dag drop hätt de Grupp probéiert op Ismaili - eng Stad beim Suezkanal - weider ze reesen.
E wier do awer opgespléckt an op zwee verschidde Checkpointe festgehale ginn, esou d'Georgette Hein, Member vum Comité pour une Paix Juste au Proche Orient
"Les uns de nous étaient debout, les autres étaient assises, ça a éclaté, il y avait de la violence brute, des milices s'étaient infiltrées dans notre groupe et ils offensaient les gens présents. Ils bousculaient, frappaient, crachaient sur les femmes, des choses ont été jetées."
Si hätte scho mat Repressioune gerechent, mee net an deem Ausmooss, esou déi 5 Aktivisten an Aktivistinnen an hirem Temoignage.
De Grond, firwat déi ägyptesch Autoritéiten esou streng virgaange wieren, erkläert d'Georgette Hein sech esou.
"Ça aurait donné le goût à la population locale d'imiter."
Net méi zeréck an Ägypten
Eng offiziell Stellungnam, firwat d'Aktiviste blockéiert goufen an hir Marche iwwer d'Sinai-Hallefinsel net untriede konnten, ass net bekannt. De Patrick Bosch vu March to Gaza Lëtzebuerg huet um Point presse drop opmierksam gemaach, datt zënterhier ëmmer nach Aktivisten an Aktivistinnen an Ägypte festgehale sinn.
D'Mira Pinzi, eng vun de 5 Aktivisten, huet betount:
"Tout ce que je veux dire c'est qu'on a passé notre temps là ici ce soir à parler de la dictature de Sissi, mais on oublie notre objectif premier qui est de condamner la politique du gouvernement israélien."
An Ägypte géifen déi 5 elo net méi goe fir friddlech ze protestéieren. Mee si géifen awer net midd ginn, op de d'Situatioun an der d'Gazasträif opmierksam ze maachen. Zu deem Schluss kommen déi 5 Aktivisten an Aktivistinnen.