De Weekend huet och d'Arméi sech de Protester géint de President Andry Rajoelina ugeschloss.
Op Facebook huet de President ugekënnegt, datt hie sech gezwonge gesäit op eng sécher Plaz ze flüchten. Hie schwätzt vu Putschversich an Attentater géint hien a rifft d'Populatioun op, d'Verfassung ze respektéieren.
D'Demonstrante geheien der Regierung Versoe bei der Stroum- a Waasserversuergung vir, grad ewéi Mëssstänn am Educatiounssystem. Och géif d'Regierung näischt géint déi héich Aarbechtslosegkeet an d'Aarmut ënnerhuelen.
Et ass och schonn zu Gewalt tëschent Sécherheetskräft an Demonstrante komm. Géint si wier Tréinegas agesat ginn. D'UN seet, zënter dem Ufank vun de Protester wieren 22 Mënschen ëm d'Liewe komm, iwwer 100 wiere verletzt ginn.
De President selwer schwätzt vun 12 Doudegen, déi "Abriecher" gewiescht wieren.