arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Protester géint "Asylantenhoteller" a Groussbritannien

Englesch Asylpolitik

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Protester géint "Asylantenhoteller" a Groussbritannien

A Groussbritannien ass et de Weekend erëm zu Anti-Immigratiounsprotester komm. Bei London gouf et Ausschreidunge virun engem Hotel, an deem Demandeur-d'asillen liewen. Am ganze Land spëtzt sech d‘Stëmmung géint d‘Asylpolitik vun der Regierung zou an de Premier Keir Starmer ass ëmmer méi ënner Drock.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Géigeprotester 'Stand Up to Racism' virum  Britannia Hotel  | © EPA/TOLGA AKMEN
Géigeprotester 'Stand Up to Racism' virum Britannia Hotel (Foto: EPA/TOLGA AKMEN)

"Send them Back – Schéckt se zréck": Dat hunn d'Leit geruff, déi iwwer de Weekend virun engem Hotel bei London protestéiert hunn. Och an anere Stied si Leit op d‘Strooss gaang fir géint Immigratioun ze demonstréieren. Mindestens 12 Leit goufe verhaft.

Beim Bell Hotel zu Epping, wou ronn 140 Demandeur-d'asillen ënnerbruecht sinn, ginn et zënter Wochen Anti-Immigratiouns Protester. Dës koumen nodeems engem Migrant virgeworf gouf, ee Meedche sexuell belästegt ze hunn. Hien bestreit dës Uklo. Als Äntwert op d‘Protester goufen et och Géigeprotester.
Wéi e Geriicht dunn decidéiert huet, datt d‘Migranten aus dem Hotel eraus missten, war d'Gemeng erliichtert. Aner Gemengen haten dunn ugekënnegt, och geriichtlech Schrëtt anzeleeën.

D'St. Georges Cross als Form vu Protest

D'lescht Woch hat e Beruffungsgeriicht awer d‘Decisioun géint Demandeur-d'asillen opgehuewen. Si dierfen elo also bis op Weideres am Hotel bleiwen. D‘Protestaktioune sinn doropshi weidergaangen. Mëttlerweil ginn a villen Uertschaften a Groussbritannien englesch a brittesch Fändelen op Stroosseluuchte gehaangen. Et gëtt souguer en Trend, bei dem Leit rout Faarf op Foussgängersträifen a Rond-pointen molen, fir datt se dem St. George's Cross, also dem englesche Fändel, gläichen.
Vun dëser Stëmmung profitéieren d‘Rietspopulisten. D‘Partei Reform UK huet gesot, datt déi Gemengen, déi si kontrolléieren, och weider rechtlech géife virgoen, fir Migranten-Hotellen zouzemaachen.

Labour Partei vun alle Säiten an der Kritik

De Premier Keir Starmer ass immens ënner Drock. Seng Regierung hat versprach, bis 2029 keng Migrante méi an Hoteller ënnerzebréngen, mee mëttlerweil ass dës Zuel méi héich wéi d'lescht Joer, wou d'Labour-Partei un d‘Muecht komm ass. Schonn elo gëtt domat gerechent, datt seng Partei vill Stëmmen un déi rietspopulistesch Reform UK verléiere wäert.

Gläichzäiteg werfe vill Labour-Wieler:innen hirer Partei e Rietsruck vir. Fir de Keir Starmer wäert d'Kris ronderëm d'Immigratioun jiddefalls nach weider e schwéiere Balanceakt bleiwen.

play_arrow Lauschteren