De Florian Bieber zweiwelt drun, datt Serbien ënnert der Féierung vum aktuelle President an nächster Zukunft EU-Member ka ginn.
Schonn zënter 2012 ass Serbien Bäitrëttskandidat vun der EU. De Politolog Florian Bieber ass der Meenung, datt et awer schwéier wäert ginn ee Bäitrëtt Realitéit ginn ze loossen, sou laang deen aktuelle President nach un der Muecht ass. Vu Säite vun der EU kéint een do och eng méi kloer Positioun erwaarden.
"Weil ein Land, um in die Union zu kommen, muss nicht nur einfach gewisse Boxen abhaken, sondern muss eben auch Demokratie und Rechtsstaatlichkeit absichern."
Gewalt géint Demonstratiounen huet zur Eskalatioun gefouert
Rezent ginn ëmmer méi Leit, virun allem Jonker a Studentinnen a Studenten, op d’Strooss fir géint Korruptioun an den aktuelle President Aleksandar Vučić ze protestéieren. Mëttlerweil sinn des Demonstratiounen awer alles ausser friddlech, ënnersträicht de Florian Bieber.
"Es gab mehrere Zwischenfälle vor etwa zehn Tagen, bei denen Schlägertrupps der Regierung nahestehend auf Demonstranten losgegangen sind, und das hat dann zur Eskalation geführt."
Och d’Police wier an de leschte Wochen ëmmer méi brutal mat den Demonstrantinnen an Demonstrante ginn.
Dem Vučić seng Deeg si gezielt
Dës Gewalt déi d’Regierung ugestëft hätt, hätt och Géigegewalt vun den Demonstrante provozéiert. Et schéngt dem Florian Bieber, wéi wann de serbesche President de Konflikt awer guer net léise wéilt.
De Politolog mengt awer, datt dem serbesche President seng Deeg als Regierungschef fréier oder spéider gezielt sinn. Aus Ëmfroe geet ervir, datt eng grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung hanner den Demonstratiounen an hire Fuerderunge steet.
"Das heisst, Vučić kann vielleicht die Krise aktuell überleben. Langfristig wird er, glaube ich, das nicht durchhalten können, weil er kann das dann nur noch mit Repression machen."
Fir de Balkan-Expert ass kloer datt d’EU eigentlech déi selwecht Meenung vertrëtt ewéi déi jonk Demonstranten a verweist op den oppene Bréif, deen d’EU-Kommissärin fir d’Erweiderung Marta Kos am Februar publizéiert hat. Doran hat si betount, datt Serbien misst eng Rei Reformen ëmsetzen, éier et der EU kéint bäitrieden.