Dee Protest géif de Leit, déi manifestéieren, keng Freed maachen. E wier awer néideg, well hiren Alldag aus Angschtmaachen a Schikane bestoe géif.
“D’Kommunikatioun mam Personal säitens eiser Politik ass gläich null. D'Personal muss sech iwwert d'Press informéieren, respektiv en Abo bei der Zeitung hunn, fir ze wëssen, wéi et mam TICE virugeet.”
Wéi duerch ee Wonner wier den 8. September eng Informatiounsversammlung annoncéiert ginn, fir de 17. September, also just zwee Deeg virum Protestpiquet vun haut, esou den Théo Schickes.
“Mir begréissen dës Initiativ, mee leider ze spéit. Dëst wär an deene leschten zwee Joer op d'mannst dräi bis véier mol méiglech gewiescht. An dofir ass et fir eis och keen Zoufall, mee eng kloer Alibiaktioun, mat engem eenzegen Zil, fir d'Participatioun un dësem Piquet ze schwächen.”
Zil vun der Protestaktioun
Bei enger Ëmfro ënnert de Mataarbechter 2024, hätte sech 70 Prozent onzefridde gewisen. D’Problemer bestéingen doran, datt d’Personal krank schaffe kéim, Leit fortlafe géifen, an ëmmer méi Affären op d’Geriicht kéimen.
De Protest vun haut sollt Dieren op- an net zoumaachen, sou den Théo Schickes. Et wier ee bereet fir en neit Kapitel am Zesummeschaffen. De President vun der Personaldelegatioun huet eng Entrevue mat der Direktioun a mat de politesche Responsabele vum TICE gefuerdert. Sollt een do keng Satisfaktioun kréien, wäre weider Schrëtt net ausgeschloss.
De President vun der FGFC huet iwwerdeems op Nofro hin op eng Entrevue, virgëschter, vum OGBL mat der Direktioun an dem Verwaltungsrot vum TICE reagéiert. Un de Claude Reuter war et d’Fro, ob et weiderhin eng breet Gewerkschaftsfront am Intressi vun de Beschäftegte gëtt.
“Also, d'FGFC weist sech ëmmer oppe fir alles. Mir hunn den OGBL och invitéiert. Dass den OGBL déi Invitatioun net ugeholl huet, bedauere mer.”
Um Enn stéing een awer zesummen, esou de Claude Reuter. An et sollt ee kucke, fir fir d'Personal dat Bescht doraus ze maachen.
Theo Schickes: Dossier schéngt dem Inneminister egal ze sinn
Well beim TICE kee méi mat Freed schaffe kéim, wär dës Aktioun leider onëmgänglech. Sou huet den Theo Schickes, President vun der Personaldelegatioun beim interkommunale Persounentransport am Kanton Esch, de Protestpiquet vun der FGFC, de Moien, virum Verwaltungsgebai vum TICE zu Esch begrënnt. De viregten Direkter hätt hannert dem Personal gestanen, déi deemoleg politesch Responsabel hätten och matgeschafft, mee dat wier zanter Oktober 2022, wéi Schlësselposte beim TICE nei besat goufen, net méi de Fall, sou den Theo Schickes. Vun do u wiere beim Gemengebeamtestatut Grenzen iwwerschratt ginn, ma den CSV-Inneminister géif net reagéieren. D’Rechter vun de Beschäftegte schéngen dem Léon Gloden egal ze sinn, huet de President vun der TICE-Personaldelegatioun gemengt.
"Vill Kolleginnen a Kollege soen haut: All Dag, wou ech net muss op den TICE schaffe kommen, ass e gudden Dag! Firwat gi souvill Leit krank? Firwat ginn ëmmer méi Leit inapte? A firwat verloossen ëmmer méi Leit den TICE? D'Mooss ass voll. Mir maachen dofir en däitlechen Opruff an en Appel un den Här Gloden: Mir erwaarden endlech Äntwerten op eis Bréiwer."
7 därer wieren un de Ministère vun de bannenzegen Affäre gaangen, sot den Theo Schickes. D’Politik dierft d’TICE-Personal net ignoréieren, huet hie betount. D’Personal wéilt dat fréiert Aarbechtsklima zréck an e respektvollen Ëmgank mateneen.