arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Protest vum CPJO virun der CSSF wéinst israeelesche Staatsemprunten

Israeelesch Staatsemprunten

|
headphones

1 min

Protest vum CPJO virun der CSSF wéinst israeelesche Staatsemprunten

Virum Gebai vun der CSSF op der Areler Strooss zu Stroossen ass de Mëtteg e Protestpiquet vum Comité pour une paix juste au proche Orient (CPJO). Si protestéieren dogéint, datt déi Lëtzebuerger Finanzopsiicht israeelesch Staatsemprunte fir den europäesche Marché approuvéiert huet.

headphones

1 min

© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)

Bis elo ass dee Prospekt fir israeelesch Staatsemprunte vun der irescher Zentralbank gemaach ginn, déi huet d‘Approbatioun awer net méi verlängert.

Den CPJPO an och d‘Oppositioun an der Chamber geheien der CSSF fir, domat internationaalt Recht ze ignoréieren a Kompliz vun den israeelesche Krichsverbriechen ze ginn.