Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dua Lipa - Levitating

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Propos fir direkt Gespréicher: Nach keng Äntwert vum Wladimir Putin

Eventuellt Treffen an der Tierkei

Propos fir direkt Gespréicher: Nach keng Äntwert vum Wladimir Putin

De Wladimir Putin huet nach net op d‘Propos vum Wolodymyr Selenskyj fir een Treffen an der Tierkei geäntwert. Gëschter um Sonndeg hat den ukrainesche President op X geschriwwen, hie wier prett fir de russesche President en Donneschdeg zu Istanbul ze begéinen, fir iwwer een Enn vum Krich ze schwätzen. De Waldimir Putin selwer hat direkt Gespréicher an der Tierkei virgeschloen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Dem Wolodymyr Selenskyj seng Äntwert do drop koum kuerz nodeems den Donald Trump d‘Ukrain opgefuerdert hat, d‘Offer vum Wladimir Putin unzehuelen. De Putin huet keng Konditioune fir déi Gespréicher genannt, mee hien ass och net op d‘Fuerderung vun europäesche Leaderen agaangen. Si hate gëschter um Sonndeg Russland opgeruff, vun haut un eng Waffepaus vun 30 Deeg ze respektéieren.

Zu London ass haut um Méindeg e weidert Ausseminister-Treffen iwwer de russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain. Mat derbäi sinn ënner anerem d‘Ausseministeren aus Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, Polen an der Ukrain. Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha gëtt muer och hei zu Lëtzebuerg erwaart.