arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Projet “Porte de France” gëtt ze deier 

Belval 

|
headphones

1 min

Projet “Porte de France” gëtt ze deier 

De Projet fir Studentewunnengen „Porte de France“ um Belval steet méiglecherweis wéinst ze héije Constructiounskäschten op der Kipp. Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vum Logementsminister, der Ministesch fir Travaux publics an der Héichschoulministesch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

headphones

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen)

Et géifen den Ament Diskussioune lafen, fir de Projet eventuell ze ersetzen, heescht et am Schreiwes. 

Den Architekte-Concours fir de Projet „Porte de France“ gouf 2008 lancéiert. Der zeréckbehalener Versioun no sollen eng 140 Studentewunnengen op de 4 Tierm vun der Maison des Sciences Humaines entstoen. 

Ma souwuel d‘Geometrie vun de Wunnengen, wéi och d‘Decisioun fir déi 39 Meter héich Gebaier aus Holz ze baue géifen zu „exhorbitante“ Construktioun-Käschteféieren, heescht et nach an der Äntwert.