Et géif am Fong dorëm goen, datt Dokteren iwwerhaapt emol eng Gesellschaft kéinte grënnen an eng Personne morale ginn. Dat wier hinnen am Moment net méiglech.
“Et gëtt jo iwwerall Associatioune vun Dokteren, vun diverse Spezialitéiten, déi existéieren um Pabeier awer am Fong just als dat, wat een eng Associatioun de fait nennt. Et ass keng Personne morale an dat mécht Problemer. Dat heescht, Doktere kënnen zum Beispill keen, hu Problemer bei de Banke Konten opzemaachen, well d'Banke soen, mat Anti-blanchiments-Reegelen, Dir erfëllt déi Reegelen net, a mir kënnen Iech kee Kont méi opmaachen.”
Dowéinst wier et no Meenung vum Collège médical ganz wichteg, datt Societéite vun Doktere kéinte gegrënnt ginn, esou den Dr. David Heck.
“Ob elo schonn Associatiounen esou funktionéiere wéi Societéiten, dat sief dohi gestallt.”
Dat huet de Generalsekretär vum Collège médical zu groussen Zänndoktesch-Praxisse gesot, déi et scho ginn.
Collège médical soll Verträg aviséieren
Wann Doktere sech associéieren, da solle si hir Verträg am Prinzip am Virfeld un de Collège médical schécken, fir se aviséieren ze loossen.
“An et ass esou, datt de Code de déontologie zum Beispill net virgesäit oder esouguer verbitt, datt en Dokter en aneren astellt.”
Eng Associatioun, dat wieren Associéen, déi um selwechten Niveau misste stoen, huet den Dr. David Heck erkläert.
“Elo gesäit de Collège médical awer heiansdo Kontrakter oder Situatiounen, wou ee sech d'Fro stellt, ob dat nach en normaalt Verhältnis tëschent Associéen ass oder ob et éischter e verstopptent Salariat eventuell kéint sinn.”
De Generalsekretär huet kritiséiert, datt de Collège médical d’Kontrakter ganz dacks net geschéckt kréich.
"Roll vum Collège médical muss am Gesetz definéiert ginn"
Am neie Societéite-Gesetz misst opgepasst ginn, datt de Collège médical eng Regulateursroll an dësem Beräich hätt.
“Also mat deenen Informatiounen, déi mir bis elo hunn, wier virgesinn, datt mir dann och déi Statute vun deene Gesellschafte géifen aviséieren oder missten unhuelen. Dat muss duerno am Gesetz definéiert ginn, wat eise Rôle, eise Pouvoir do ass an datt mir dann awer natierlech och d'Méiglechkeeten hunn, fir do ze regulariséieren. Dat heescht, datt och déi Gesellschaften d'Deontologie missten anhalen.”
De Collège médical huet ënner anerem als Missioun Avisen zu Gesetzesprojeten ze schreiwen, déi de Beruff vum Dokter a vun anerem Gesondheetspersonal betrëfft. Den Ordre regruppéiert d’Dokteren, Zänndokteren, Apdikter a Psychotherapeuten.