arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Procureur general virun Geriicht

Spunien

|
headphones

1 min

Procureur general virun Geriicht

A Spuenien huet e Prozess géint de fréiere Procureur general d’Etat, Alvaro Garcia Ortiz uegefaagen. Et ass déi éischte Kéier an der moderner Geschicht vu Spuenien, datt ee Chef vum Parquet viru Geriicht kënnt. Him gëtt virgeworf eng confidentiel Email un d’Presse weidergeleet ze hunn.

headphones

1 min

Procureur general: Alvaro Garcia Ortiz | ©  EPA/MARISCAL / POOL
Procureur general: Alvaro Garcia Ortiz (Foto: EPA/MARISCAL / POOL)

An dëser Email hätten Detailer iwwert eng Enquête, déi de Mann vun enger Prominenter Konservativer Politikerin viséiert huet, dra gestanen. Den Ugeklote gouf vum sozialistesche Premier Pedro Sanchez op dee wichtege Poste genannt.

Masken-Affär an der Pandemie

Haut um Méindeg gouf et och eng Annonce, datt e spuenesche Riichter ee Prozess géint den Ex-Transportminister José Luis Abalos ugefuerdert huet. Him gëtt Korruptioun virgeworf an enger Affär ëm de Verkaf vu Masken u Verwaltungen, wärend der Covid-19 Pandemie. De José Luis Abalos war dem spuenesche Premier seng riets Hand.