arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Procureur d'État vum Stater Parquet: Aktuell kee Problem mat Personalmanktem

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Procureur d'État vum Stater Parquet: Aktuell kee Problem mat Personalmanktem

De Stater Parquet hätt aktuell net méi mat Personalmanktem ze kämpfen. Dat sot deen neie Procureur d’État um Stater Parquet, David Lentz, am 100,7 Interview. Hien ass de Méindeg offiziell op säin neie Posten ugetrueden.

headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow
David Lentz, Procureur d’Etat um Stater Parquet | © Morgane Weidig
David Lentz, Procureur d’Etat um Stater Parquet (Foto: Morgane Weidig)

Ënner him schaffe 50 Magistraten, siwe weider Attachéë sollen am Januar bäikommen. Domat wier ee gutt opgestallt, seet den David Lentz. 

Et wier an de Prozeduren, wou ee kéint nobesseren. Notamment andeems een d’Procedure accéléré géif aféieren. Dat géif sech zum Beispill bei haislecher Gewalt ubidden, esou wéi et den Ament a Spuenie gemaach gëtt.

"Et gëtt eng haislech Gewalt, et kënnt eng Aktioun, eng Reaktioun dorobber an dann direkt weess een, wou een drun ass. Also do si verschidde Matièren, déi sech dozou prêtéieren, fir méi séier an eng Sëtzung ze kommen."

Ënner anerem dann och bei Drogendelikter. Wann eng Persoun dobäi erwëscht gëtt, misst een an den Ae vum David Lentz net nach eng Enquête maachen. Déi Persoun kéint domat direkt virun een/eng Riichter:in.

"Et gëtt just Doutschlag"

Fir hie gëtt et iwwerdeems keen "Hominicide oder Feminicide", just Doutschlag. Dat sot hien de Moien am 100,7-Interview. Dëst Joer hätt et zwee Fäll vun Doutschlag ginn. Sechs "an de leschte Joren", esou den David Lentz. Bei liicht iwwer der Hallschent dovu wieren d‘Affer Frae gewiescht.

Wa Feminicide am Code pénal géif festgeluecht ginn, wéi zum Beispill an Italien, géif dat bedeiten, datt de Mord un enger Fra anescht behandelt géif ginn, wéi de Mord un engem Mann, mengt den David Lentz. Dobäi wier d‘Strof fir Doutschlag ëmmer Liewenslänglech. 

"Wa mir elo de Feminicide kucken, dat ass éischter, wéi ech gesot hunn, vläicht vu statistescher Wichtegkeet fir esou eppes, wann dat géif aféieren. Mir hu vläicht och e Problem domadder, vläicht mat der Verfassung, l‘égalité de tout le monde devant la loi, wa mir op eemol Strofdote maachen, déi net neutral sinn.“

Bei der haislecher Gewalt wieren iwwerdeems awer däitlech méi Affer Fraen, esou nach den neie Procureur d‘État vum Stater Parquet, David Lentz.

play_arrow Lauschteren