arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ProVelo kritiséiert chaotesch Situatioun op der Rouder Bréck

Wéinst dem Trounwiessel

|
headphones

1 min

ProVelo kritiséiert chaotesch Situatioun op der Rouder Bréck

Wéinst de Virbereedunge fir d‘Festivitéite ronderëm den Trounwiessel ass d‘Rout Bréck dës Woch nuets ganz fir den Trafic gespaart an daagsiwwer mussen d‘Foussgänger an d‘Cyclisten sech den Trottoir, dee méi schmuel ass, deelen.

headphones

1 min

D'Situatioun um Méindegmoien op der Rouder Bréck | © ProVelo
D'Situatioun um Méindegmoien op der Rouder Bréck (Foto: ProVelo)

D’Vëlosfuerer solle fir de Passage iwwer d’Rout Bréck vum Vëlo rofklammen an zu Fouss nieft dem Vëlo goen. Dat hätt um Méindegmoie fir vill Opreegung gesuergt.

ProVelo fënnt dat inacceptabel a bedauert, datt op en Neits déi douce Mobilitéit benodeelegt gëtt. D‘Associatioun fuerdert dofir, datt eng Spuer op der Rouder Bréck fir d‘Autoen zougemaach gëtt, fir datt d‘Vëloen déi kéinte benotzen.