D‘ASBL kritiséiert och, datt de Bau vun enger zweeter Tramlinn duerch d‘Avenue Porte Neuve fir elo mol vum Dësch ass. Et wier e Witz, datt déi Stater Responsabel den Tram do net wéilten, fir datt Awunner vum Lampertsbierg a Kierchbierg weider mam Auto an de Stater Zentrum kënne fueren, sou d‘asbl ProVelo.
De Stater Mobilitéitsplang bis 2035 war virgëschter virgestallt ginn.