Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pro-palästinensesch Studenteprotester: Studente vun Unie suspendéiert

USA

Pro-palästinensesch Studenteprotester: Studente vun Unie suspendéiert

Déi pro-palästinensesch Protester op amerikaneschen Universitéite gi virun. Op vereenzelten Unie goufe Studente suspendéiert. Zu Paräis hunn och Studenteprotester ugefaangen.

auto_stories

1 min

Anti-israeelesch Protester Los Angeles UCLA | © picture alliance / NurPhoto | Shay Horse
Foto: picture alliance / NurPhoto | Shay Horse

D‘Columbia University zu New York huet elo ugefaangen, Studenten ze suspendéieren, well si eng Deadline, fir mam Protest opzehalen, net respektéiert hunn.

Um Campus vun der Uni vun Texas huet d‘Police Dosenden Demonstrante verhaft. Vetrieder vun der Uni soten, datt vill vun den Demonstrante vu bausse kéimen a net op der Uni géife studéieren. Änlech pro-palästinensesch Demonstratioune gëtt et weider op villen Unien an den USA.

A Frankräich gëtt et zanter dem leschte Freideg pro-palästinensesch Studente-Protester op der Uni Sciences Po zu Paräis. D‘Regioun Île-de-France suspendéiert dowéinst all hir Finanzementer fir d'Uni, esou laang d‘Serenitéit an d‘Sécherheet net retabléiert sinn. Dat huet d‘Presidentin vun der Regioun, d'Valérie Pécresse, gëschter annoncéiert.