arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Prix Goncourt a Prix Renaudot goufen iwwerreecht

Literatur

|
reading time

1 min

Prix Goncourt a Prix Renaudot goufen iwwerreecht

Zu Paräis goufen um Méindegmoien déi renomméiert franséisch Literaturpräisser Prix Goncourt a Prix Renaudot iwwerreecht.

reading time

1 min

De Prix Goncourt geet dëst Joer un de Kamel Daoud fir säi Roman "Houris". De franco-algeereschen Auteur a Journalist beschäftegt sech a sengem Buch mat de Massakere vun der sougenannter "décennie noire“, also dem Biergerkrich an Algerien tëschent 1992 an 2002.

D‘Buch ass an Algerie verbueden, wéi och all aner Bicher, déi sech mat deem Theema befaassen.

De Prix Renaudot geet un de Gaël Faye fir "Jacaranda". Ee Roman deen den Neesopbau vum Ruanda nom Genozid 1994 thematiséiert.