arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presuméierte Spioun: Schweed am Iran higeriicht

Noen Osten

|
reading time

1 min

Presuméierte Spioun: Schweed am Iran higeriicht

Beim Mann, deen am Iran higeriicht gouf, soll et sech ëm e schweedesche Staatsbierger handelen. Hie gouf beschëllegt wärend dem Krich vun 12 Deeg leschte Juni tëschent dem Iran an Israel fir Israel spionéiert ze hunn.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl)

De Mann war am Juni d‘lescht Joer scho festgeholl ginn. Schweden hat sech ëmmer nees dofir agesat, datt de Mann e faire Prozess géif kréien an net zum Doud verurteelt sollt ginn. 

No der Hiriichtung huet Schweden elo den iraneschen Ambassadeur zu Stockholm convoquéiert.