arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presidentschaftswal am Kosovo scheitert – Parlament opgeléist

International

|
headphones

1 min

Presidentschaftswal am Kosovo scheitert – Parlament opgeléist

D’Presidentschaftswalen am Kosovo si gescheitert. Et hate sech net genuch Deputéiert zesummefonnt fir e Walprozess ze lancéieren, dowéinst huet haut um Freideg déi aktuell Presidentin d’Parlament opgeléist. Et wéilt een elo bannent den nächsten 30 bis 45 Deeg ee Rendez-vous fir Neiwale fannen.

headphones

1 min

Vjosa Osmani | © EPA/CLEMENS BILAN
Vjosa Osmani (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Déi lénk Regierungspartei vum Albin Kurti huet d’Opléisung vum Parlament allerdéngs als rechtswidreg bezeechent.

D’Mandat vun der aktueller Presidentin leeft de véierten Abrëll aus. Fir ee Successeur ze wielen, schreift d’Verfassung vir, datt op d’mannst dräi Véirel vun den 120 Deputéiert musse present sinn. Dat war hei net de Fall.

Wann et zur Neiwale kënnt, wieren dat déi drëtt Parlamentswal bannent engem Joer.

Bei de Walen den 9. Februar 2025 hat déi lénk Regierungspartei Vetevendosje zwar mat enger relativer Majoritéit gewonnen, de Parteichef Albin Kurti hat awer keng Partner fir eng Koalitioun fonnt. Bei den neie Walen am Dezember krut d’Partei dunn awer genuch Mandater, esou datt hie fir déi zweete Kéier a Folleg Ministerpresident konnt ginn.