Bei der CMCM goufen et vill Diskussiounen iwwert de Generaldirekter Fabio Secci. Ënner anerem wéinst senger Pai, an am Verwaltungsrot gouf et en oppene Sträit. Eng Tëscheléisung fir de Verwaltungsrot gouf dunn d‘lescht Woch op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung decidéiert.
Do war festgehale ginn, datt den aktuelle Verwaltungsrot ënnert dem President Gilbert Goergen ofgesat gëtt, mee datt en d’Geschécker vun der CMCM bis zur uerdentlecher Generalversammlung am Juni kommissaresch féiere soll. Dat awer ouni President.
D'AG soll d'Mandater direkt wielen
Keen hätt gewosst, datt sech den André Heinen an de Gilbert Goergen am Virfeld gesinn haten, esou de Christian Schumacher. Well awer nëmmen 3 nei Kandidaturen do waren, wier et beim selwechte Verwaltungsrot bliwwen. Elo hätten d’Mutuellen d’Chance, fir nei Kandidaten opzestellen.
Et wiere viru 4 Deeg och nei Kandidaturen duerchblécke gelooss ginn. De Christian Schumacher huet eng kloer Positioun wat de Juni ugeet, an zwar, "datt d’Assemblée générale déi 4 Mandater direkt wielt.“ Also déi vum President, vum Generalsekretär a vun den zwee Vizepresidenten. Sou géif e "Kouhandel an eng Clanbildung an der éischter Verwaltungsrotssëtzung no der Generalversammlung verhënnert ginn.
De Verwaltungsrot wier schlecht opgestallt
Fir hie wier onkloer, ob den André Heinen an de Gilbert Goergen nach emol eng Kandidatur stellen, seet de Christian Schumacher, deen um Dag, wéi den André Heinen ofgesat gouf, en Telefon vum Gilbert Goergen krut.
„Ech sot: Gilbert, lauschter, hal dach elo op, maach dach elo kee Bordell, Am Juni si souwisou Neiwalen. An ech sot: Deemno wéi hält den Änder dann op, an da kënn Dir jo maachen an doen, wéi Dir wëllt, amplaz dat doten elo duerchzeboxen.“
De Verwaltungsrot wier schlecht opgestallt. Déi eng géifen un hire Posten hänken, déi aner hätten Ambitiounen, nach anerer wiere "Kopfnicker", an dann hätt een op eemol eng Situatioun, wou Leit ëmfalen a sech dann eng Majoritéit fënnt. An dann hätt och nach de Ministère vun der Sécurité sociale net vill gemaach a laang nogekuckt.
„De Ministère de tutelle, deen hätt vläicht éischter missen do agräifen. Déi hunn dat laang, laang schleefe gelooss.“
An dofir wier een elo do, wou ee wier, sou de President vun der Fédération nationale de la Mutualité luxembourgeoise