arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prënz Andrew: D‘brittesch Royal Family geréit ëmmer méi ënner Drock

Groussbritannien

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Prënz Andrew: D‘brittesch Royal Family geréit ëmmer méi ënner Drock

No neien Opdeckungen iwwert de Prënz Andrew, deen am Mëssbrauchsskandal ronderëm den Jeffrey Epstein verwéckelt ass, wëllen och Deputéiert méi genau op d‘Finanze vun der kinneklecher Famill kucken. Dat obwuel d'Parlement sech historesch aus den Affäre vun de Royals eraushält.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Prënz Andrew | © EPA/ANDY RAIN
Prënz Andrew (Foto: EPA/ANDY RAIN)

Et war eng turbulent Woch fir d‘Royals, an am Mëttelpunkt stoung wei sou dacks de Prënz Andrew, dem King Charles säi Brudder, deen enke Kolleeg vum amerikanesche Padophil Jeffrey Epstein war. An enger Autobiographie, déi d‘lescht Woch erauskomm ass, beschreift déi verstuerwe Virginia Giuffre wei si als 17-järegt Meedche vum Prënz Andrew vergewaltegt gouf. De Prënz Andrew weist hir Virwërf zeréck. Trotzdeem hat hien hir 2022 eng Schlichtung vu geschaten 12 Millioune Pond bezuelt. 

Versuch belaaschtend Informatiounen iwwer Virginia Giuffre ze fannen

D‘Zeitung Mail on Sunday vu leschter Woch huet opgedeckt, datt de Prënz eng Bekanntschaft an der Metropolitan Police gefrot hat, fir belaaschtend Informatiounen iwwert Virginia Giuffre ze fannen. D‘Police huet elo eng Enquête iwwer des Virwërf ugekënnegt.

De Prënz Andrew huet reagéiert a bekannt ginn, datt hie säin Titel als Duke of York net méi benotze géing. Mee d‘Enthüllungen si weidergaange. Der London Times no bezuelt de Prënz zënter méi wei 20 Joer e symbolesche Loyer vu just engem Pefferkär fir an der Royal Lodge ze liewen. Dëst ass eng Villa zu Windsor mat 30 Zëmmere wou de Prënz mat senger Ex-Fra der Sarah Ferguson lieft. 

D'Parlament fuerdert Opklärung

Et ass net bekannt, wou de Prënz d‘Suen hir hat fir Schlichtung mat der Virginia Giuffre, a wéi hien iwwerhaapt säi Liewe finanzéiert, nodeems him d‘lescht Joer seng kinneklech Primm ewechgeholl gouf. Souguer de Premier Keir Starmer huet sech fir méi Transparenz ausgeschwat.

"Et ass wichteg, datt et eng grëndlech Iwwerpréiwung gëtt wat all Proprietéite vun der Kroun uginn, an dat ënnerstëtzen ech sécherlech", sou de Premier no enger Ufro vum Ed Davey, de Leader vun de Liberal Democrats. 

Historesch bleiwen sech d‘Parlament an d‘Kroun a Groussbritannie géigesäiteg aus de Féiss. Mee d‘Fuerderunge fir Opklärung am Fall Epstein ginn hei, mee och an den USA, ëmmer méi staark. Dem Prënz Andrew seng Skandaler sinn dofir nach laang net vum Dësch.

play_arrow Lauschteren