arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Première zu Lëtzebuerg: Eng Dron huet medezinesch Prouwen transportéieren

Griffin Projet

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Première zu Lëtzebuerg: Eng Dron huet medezinesch Prouwen transportéieren

Wien an dësen Zäiten un Dronen denkt, deem kënnt wuel éischter e militäreschen Zweck an de Sënn. Gëschter um Donneschdeg koum et awer zu engem méi erfreelechen Asaz vun enger Dron: Mat enger Dron goufe Bluttprouwen an e Labo transportéiert. E Modell fir d'Zukunft? 

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© MMTP
(Foto: MMTP)

Éier d'Dron vum Spidol aus op Jonglënster ka fléien, muss se geluede ginn an et muss ee Security Check duerchgeféiert ginn, wéi eng Vertriederin vum Luxembourg Air Service, enger Duechtergesellschaft vun der Air Rescue, erkläert. Esou wuel um Kierchbierg, wéi och zu Jonglënster.

Nodeems dat gemaach ass, ruffen d'Membere vum Luxembourg Air Service nach beim Control Tower um Findel u fir den Depart vun der Dron unzekënnegen.

E reegelméissege Betrib ass d'Zil

Déi elektresch bedriwwen Dron gëtt lancéiert a flitt da mat enger maximaler Charge vun 3 Kilo a Richtung Jonglënster. Mee fir den Aweiungsfluch an d'Weeër ze leeden, war et net esou einfach, wéi ee vläicht kéint mengen, seet de Generaldirekter vum Spidol, Dr Marc Berna.

"Mir sinn hei an enger Géigend, wou relativ héich gebaut ass. Mir sinn hei no beim Flughafen. An dee ganzen Tracé leeft och nach esou e bësse laanscht de Flughafen, fir bis op Jonglënster bei de Laboratoire réuni ze fléien, soudass dat awer vill esou kleng Problemer ze léise waren. Do ginn d'Limitatiounen och nach mam Wieder, mat der Temperatur, mam Nidderschlag a letztendlech brauch een och vill Partner, fir dee Projet hei zum Fléien ze bréngen."

D'Zil ass et, d'Dronen och an den nächste Wochen a Méint weider ze testen an der Hoffnung, datt ee se an Zukunft reegelméisseg kann notze fir Blutt- oder aner medezinesch Prouwen ze transportéieren, esou nach den Dr. Marc Berna.

National Dronestrategie soll kommen

Fir d'DP-Defense- a Mobilitéitsministesch Yuriko Backes kéinte sech duerch d'Notze vun Dronen nei sougenannten Dual-Use-Opportunitéiten erginn. Also net nëmme fir militäresch, mee eben och fir zivil Zwecker.

"Hei hu mir et mat Dronen ze dinn, déi wierklech de Leit direkt zegutt kommen, wann dat dann eng Kéier kann och méi systematesch benotzt ginn, fir zivil a fir positiv Zwecker, wéi dat elo hei de Fall ass."

Beim Asaz vun Drone géife ganz vill verschidden Aspekter zesummekommen, wéi zum Beispill de juristesche Volet an dee vun der nationaler Sécherheet. An deem Sënn wéilt een eng national Dronestrategie opstellen. Viraussiichtlech soll dës Strategie nach an den nächste Méint presentéiert ginn, hofft d'Yuriko Backes.



play_arrow Lauschteren