Déi nei Resilienzstrategie ass um Méindegmëtteg vum Luc Frieden presentéiert ginn, zesumme mam Haut Commissaire de la Protection national, dem Guy Bley.
Dem Premier no kann et sech bei deene verschiddene Risiken ëm Cyberattacken handelen, grad wéi militäresch oder natierlech Katastrophen. Mat der Resilienzstrategie hätt ee sech um finnesche Modell inspiréiert, déi virun allem hir Bierger a Biergerinne staark mat responsabiliséiert.
Finnland als Beispill
Am Fall vu beispillsweis Iwwerschwemmunge kéint et zu Situatioune kommen, wou Mënschen an eng Sportshal missten evakuéiert ginn. An do géife sech eng Rei Froe stellen, esou de Guy Bley.
"Wéi maache mir dat, fir do ze iessen ze bréngen? Wéi maache mir dat, fir do Decken hinzebréngen? A Finnland bréngt de Bierger dat selwer mat. Hien ass selwer resilient. Hien huet selwer doheem, fir de Fall vun der Evakuatioun bei enger Iwwerschwemmung, Saachen derbäi. An dat entlaascht den CGDIS oder een aneren Acteur, eng Gemeng, déi dat muss organiséieren."
Et géifen iwwerdeems keng Flichte fir d’Bierger a Biergerinne ginn, ënnersträicht de Premier Luc Frieden.
Kritesch Infrastrukture schützen
E weidert Puzzlestéck vun der nationaler Resilienzstrategie ass de Schutz vu kriteschen Infrastrukturen, erkläert de Guy Bley.
"A partir du moment où l 'HCPN désigne quelqu'un d'infrastructure critique, c'est à cette infrastructure critique elle même déjà de se protéger, de faire une analyse de risque, d'analyser mais quels sont les risques qui pourraient apparaître."
Ënner kritesch Infrastrukture gehéieren ënner anerem d’Kommunikatiounsservicer, oder nach d’Infrastrukture fir d’Waasserverdeelung, erkläert de Guy Bley. Et géif ee sech elo och reegelméisseg mat de Bedreiwer vu kriteschen Infrastrukturen un een Dësch setzen.
Interministeriell zesummeschaffen
Virleefeg wéilt een de grousse Kader fir esou eng Strategie schafen déi Ekonomie, Militär, Administratiounen, Gemengen an och d‘Bierger:innen zesummebréngt. Wichteg wier dobäi de ganzheetlechen Usaz, deen all Ministèren an och déi ganz Gesellschaft betrëfft. Eng Aufgab, déi den Haut Commissariat à la Protection nationale soll ëmsetzen an déi zäitlech net limitéiert ass, seet de Premier Luc Frieden.
"Et geet also hei drëm, datt de Fonctionnement vum Staat an all Situatioun assuréiert bleift, datt d'Leit zesummeschaffen, datt d'Krisegestioun nach verbessert gëtt, datt een also e Kader huet vu där Strategie. Ech wëll awer och nach eng Kéier soen, dat ass keen Exercice, deen eng Kéier eriwwer ass."
Wéini déi 149 konkret Aktioune vun der nationaler Resilienzstrategie ëmgesat solle ginn, kéint een iwwerdeems net soen. Verschiddener wiere schonn amgaangen, anerer wiere Mesüren, déi sech iwwer Joren zéien, esou de Premier Luc Frieden.
Reaktioun vun der Oppositioun
D‘Resilienzstrategie war um Méindegmoien och schonn an der zoustänneger Chamberkommissioun fir Institutioune virgestallt ginn. Fir d‘LSAP Fraktiounspresidentin Taina Bofferding géif et sech ëm ee ganz wichtege Projet handelen, déi vun der viregter rout-blo-grénger Regierung schonn op d‘Schinne gesat gi wier. An deem Kontext huet si och den Tornado erënnert, deen 2019 vill Schued am Süde vum Land ugeriicht hat.
"An dofir ass et wichteg, dass mir eng Strategie hunn, dass mir als Land preparéiert sinn. A wann dann d'Kris kënnt, mat enger Katastroph, dass mir esou séier wéi méiglech dat iwwerstinn an och esou gutt wéi méiglech do erauskommen."
Och d‘Sam Tanson vun déi gréng schwätzt vun engem wichtege Projet fir eist Land fir all Zorte vu Risike vu baussen ofzefiederen. D‘Deputéiert vun déi gréng hätt sech am Virfeld vun der Kommissiouns allerdéngs méi detailléiert Informatioune gewënscht.
"Dat mécht natierlech eng richteg an eng konstruktiv Diskussioun ganz, ganz schwiereg, soudass et am Moment schwéier ass, dat ze bewäerten. Et kënnt nach dobäi: Eng Zäitschinn ass net do. Wéi vill dat Ganzt herno wäert kaschten, ass och net gewosst, respektiv wéi vill Persounen do nach missten um Niveau vum Staat zousätzlech rekrutéiert ginn, ass och, ass dat nach net gewosst."