D’Susanna van Tonder hat, nieft gesondheetleche Grënn, och strukturell Dysfonctionnementer als Grond fir hire Récktrëtt uginn. De Claude Wiseler hat schonn Enn Juli gesot, datt hien sech am Hierscht mam Collège vum CET doriwwer austausche wéilt.
Problem vun Accessibilitéit an Disponibilitéit
Hien hätt de Collège dann och begéint, fir ze kucken, wou Verbesserungsméiglechkeete sinn, esou den éischte Bierger vum Land. Et wier een am gaangen den de Gesetztext frësch ze maachen, an do géif een och probéieren deem Rechnung ze droen. E Problem vun Accessibilitéit an Disponibilitéit vun de Leit, déi am Comité sinn, wiere benannt ginn, esou de Claude Wiseler. An dat wier am Fong och de grousse Problem.
"Wéi hunn ech Zäit, fir et ze maachen? A wat sinn d'Moyenen, déi ech hunn, fir et ze maachen? An dat ass eng berechtegt Fro. A genee déi si mer amgaangen unzegoen an duerchzediskutéieren. Dat ass den Zentrum vun eisen Diskussiounen.”
Wat d’Upasse vun der Gesetzgebung ugeet, hofft de Claude Wiseler, bis d’Enn vum Joer en Text fäerdeg ze hunn. D’nächst Joer sollt dësen dann duerch d’Parlament goen.