Esou e Wiessel wier dem nationale Regulatiounsinstitut ILR awer net esou einfach gewiescht. Éischtens, well et hei am Land keng kommerziell Accorden tëschent den Operateure gëtt an een deemno zu Lëtzebuerg de Provider net einfach wiesselen, an deem seng Servicer normal an Usproch huele kann. An zweetens, well déi aner Reseauen dat net gepackt hätten, erkläert de Guy Mahowald vum ILR.
"Wann een dann och nach en nationale Roaming-Accord gehat hätt, an et wier vun engem Moment op deen aneren alleguer d'Post-Clienten eriwwer gewiesselt bei een aneren Operateur, da wier warscheinlech dat ganzt Netz zesummegebrach, well deenen hiert Netz ass net ausgeluecht fir datt op eemol vun engem Moment op deen aneren e puer Honnertdausend Clientë méi op hirem Netz ze hunn.”
En anere Reseau kann net all Post-Client iwwerhuelen
Dem Gesetz no hätt d’Regierung zwar de Pouvoir gehat, fir d’Decisioun ze huelen an de Reseau am Eeschtfall opzemaachen, och wann et keng kommerziell Accorden tëschent de Providere gëtt. Mee och de Gilles Mulheims, Directeur technique vu Proximus, seet, datt zum Beispill Tango effektiv net d’Kapazitéite gehat hätt, fir d’Clientë vun der Post esou séier ze iwwerhuelen.
"Mir kënne vläicht eng Partie vun deene weider dann zerwéieren, mee nimools alleguer. Also d'Reseaue sinn dimensionéiert fir eng normal Charge ze absorbéieren, wéi se Dag zu Dag benotzt gëtt. Mee mir kënnen net einfach emol dat Duebelt vun engem Dag op deen aneren un Trafick bedéngen. Dat ass quasi net méiglech."
Proximus: Esou eng spezifesch Attack bei eis net méiglech
D’Post huet jo mëttlerweil bekannt ginn, datt d’Reseau-Pann op eng cibléiert Cyberattack zeréckzeféiere wier. Wat bedeit dat fir de Reseau vun Tango? Et géif een de Reseau 24/7 iwwerwaachen, spezifesch präventiv Sécherheetsmesurë wieren no dëser Attack awer net geholl ginn, esou nach de Gilles Mulheims vu Proximus.
"Déi spezifesch Attack do ass bei eis net esou méiglech, well mir een aner Hiersteller op där Plaz am Reseau benotzen. Dofir gesi mir elo net direkt de Problem do. Also mir hu keng spezifesch Mesuren elo geholl, opgrond vun där doten Attack."
Den Haut Commissariat à la Protection nationale féiert iwwerdeems aktuell Analysen zu den Hannergrënn vun der Cyberattack bei der Post mat den zoustännege Servicer aus der Cellule de crise duerch.