Den Ausfall vum Internet a vum fixen a mobillen Telefon vun der Post wier net op ee mënschleche Feeler zeréckzeféieren an och eng falsch Manipulatioun vun engem externe Fournisseur kéint ausgeschloss ginn.
Aktuell géif et och keen Hiweis op eng Cyberattack ginn, d'Analysen an d'Sich nom Ursprong fir den Ausfall géife virugoen. Genee Aussoe kéint een eréischt maachen, wann dës Analysen ofgeschloss wieren, esou Claude Strasser.
Eng grouss Pann hat de Mëttwoch dofir gesuergt, datt den Telefons- an den Internetreseau wärend ronn 4 Stonnen ausgefall war. Och d'Noutruffdéngschter 112 an 113 ware stonnelaang net ze erreechen.
D'Lëtzebuerger Post huet vill Clienten. Bei de Privatclienten hat d'Post Enn 2024 bei den Internetabonnementer e Maartundeel vun 58 Prozent, bei den Handysabonnementer vu 50 Prozent. Am professionelle Beräich läit de Maartundeel vun der Post bei 78 Prozent a bei den Handysabonnementer bei 61 Prozent, esou d'Zuele vum Regulateur ILR.
Premier fënnt Pann bei der Post "ganz schlëmm"
De Premier Luc Frieden huet no där leschter Sëtzung vum Regierungsrot virun der Summerpaus – op Nofro hinn – gesot, datt een d'Pann vum POST-Reseau ganz seriö misst huelen.
“Dat wat gëschter geschitt ass, ass ganz schlëmm, well et beweist wéi fragil e Land ass. (...) Mir si jo amgaangen, och ënner menger Autoritéit, eng national Resilienz-Strategie auszeschaffen, wou den Haut Comimisseriat à la protection nationalen den Optrag kritt huet vun der Regierung dat ze maachen.”
D’Gespréicher tëschent dem Wirtschaftsminister Lex Delles an deene Responsabele vun der Post wieren am gaangen, esou eng weider Ausso de Mëtteg vum Luc Frieden.