D’Experte vun der Hollännesch–Flämescher Organisatioun fir d’Akkreditéierung vu Studiegäng, huet an hirer Evaluatioun ënnerstrach, datt d’Studenten, déi zu Lëtzebuerg de Bachelor gemaach hunn, och dono am Ausland an hirem Master gutt virukoumen.
Eng Rei Recommandatioune goufen awer an deem Rapport formuléiert.
Ze vill extern Professeren
D’Vize-Rectrice vun der Uni Lëtzebuerg fir de Beräich Recherche, d’Simone Niclou, ass insgesamt zefridden iwwer d’Resultat. D'Recommandatiounen, déi ee krut, hätt een och am Virfeld um Schierm gehat. Trotzdeem bleiwen nach e puer Saachen, un deenen ee schaffe misst.
"Dat Éischt ass, dass mir musse méi Professeren astellen op der Uni fir de Beräich Medezin. Do schaffe mir am Moment vill ze vill mat externen Enseignanten an dat huet en Impakt op de Curriculum an op d'Koordinatioun."
Den zweete Volet wier deen, datt een de Curriculum verbessere wéilt, fir datt dee "méi alignéiert a stëmmeg" ass.
"Dofir brauch een eeben eng ganz gutt Koordinatioun an et brauch een intern Leit, déi dat zesummen entwéckelen."
Master-Decisioun kéint nächst Joer falen
Et ginn dann och Aarbechtsgruppe fir de Master an der Medezin hei zu Lëtzebuerg unzebidden.
Am Laf vum nächste Joer missten déi Evaluatioune vun de Besoine festgeluecht ginn, fir eng Decisioun ze treffen, ob een zu Lëtzebuerg de Master ubitt oder net, esou nach d’Simone Niclou.