arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Portugal wëllt Palästina als Staat unerkennen - António Guterres mécht Appell

Noen Osten

|
headphones

1 min

Portugal wëllt Palästina als Staat unerkennen - António Guterres mécht Appell

Portugal wëllt muer um Sonndeg de Stad Palästina unerkennen. Eng Unerkennung, déi domat nach virum Optakt vun der UN-Vollversammlung zu New York d'nächst Woch kënnt. An deem Kontext wëllen eng Partie aner aflossräich Länner dat och maachen, ënner hinne Frankräich, Kanada, an och d‘Belsch.

headphones

1 min

© picture alliance / Chris Emil Janßen
(Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen)

Och Lëtzebuerg wëllt dat maachen. An deem Kontext fuerdert de Comité pour une Paix juste au Proche-Orient d’Lëtzebuerger Regierung op, elo méi Efforte mat Bléck op Sanktioune géint Israel ze maachen. Dat sot de Michel Legrand, Member vum Conseil d’ administration vum CPJPO, gëschter um Freideg op enger Pressekonferenz.

De Méindeg hat den Ausseminister Xavier Bettel no der aussepolitescher Chamberkommissioun gesot: Wat méiglech Sanktioune säitens Lëtzebuerg géint Israel ugeet, wéilt een e Projet de loi opsetze fir déi kënne Kraaft ze setzen. Den CPJPO schwätzt par contre vu feelendem politesche Wëllen.

Israel wëllt Operatioun viruféieren

An deem Kontext huet den UN-Generalsekretär António Guterres elo an engem Interview mat der AFP en Appell gemaach, d'Welt soll sech net vun Israel intimidéiere loossen, an d‘Ënnerstëtzung fir d‘Palästinenser eroffueren, esou de Guterres, deen och drop higewisen huet, datt Israel dauernd weider Aktiounen hëlt, fir Gaza komplett ze zerstéieren, an d‘Westjordanland ze annektéieren.

Déi israeelesch Arméi huet gëschter iwwerdeems matgedeelt, datt si hir Operatioun zu Gaza-City wéilte weider féieren, an dat mat aller Häert, wei et heescht.