arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst weider

Statec deelt mat

|
headphones

1 min

Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst weider

Op den 1. Januar hu ronn 682.000 Leit zu Lëtzebuerg gelieft. Dat sinn der bal 10.000 méi wéi d'lescht Joer. Dat deelt de Statec mat. De gréissten Deel dovun, nämlech iwwer 9.000 Persounen, sinn op Lëtzebuerg agewandert.

headphones

1 min

© Bigstock / ilixe48
(Foto: Bigstock / ilixe48)

Dobäi kënnt och nach, datt et knapp 2.000 méi Gebuerte wéi Stierffäll gouf.

E bësse méi wéi 16.400 Leit hu Lëtzebuerg verlooss a bal 26.000 sinn der nei an d'Land geplënnert. Am Grand-Duché wunnen ongeféier 3.600 méi Männer wéi Fraen. D'Liewenserwaardung läit bei de Männer bei 81 Joer a bei de Frae liicht méi héich, nämlech bei 85 Joer, esou nach de Statec.