arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Populatioun an der Stad Lëtzebuerg ass och 2025 konstant gewuess

138.000 Awunner

|
headphones

1 min

Populatioun an der Stad Lëtzebuerg ass och 2025 konstant gewuess

D’Populatioun an der Stad Lëtzebuerg ass 2025 relativ konstant weider gewuess. Op den 31. Dezember ware knapp 138.000 Leit an der Gemeng Lëtzebuerg ugemellt, wat enger Croissance par Rapport zum Joer virdru vu bal 1500 Awunner entsprécht. Vun 2024 op 2025 war dës Croissance änlech grouss.

headphones

1 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Déi Zuelen huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer matgedeelt.

Och de Pourcentage vun de Lëtzebuerger par Rapport zu den Net-Lëtzebuerger bleift konstant bei ronn 30 zu 70 Prozent. Am ganzen 168 verschidden Nationalitéite waren zejoert an der Haaptstad ugemellt.

Wat d’Communautéiten ugeet wier d’Lëtzebuerger Communautéit awer déi gréissten, esou d’Lydie Polfer.

 "Vun deenen 137 .000 sinn der 42.020 Lëtzebuerger. Déi zweet Communautéit sinn d'Fransousen."

Déi drëttgréisst Communautéit an der Stad Lëtzebuerg wieren d'Portugisen, esou nach d'DP-Buergermeeschtesch.