Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Poppegen Indierock iwwer d'Erwuessesinn

Album vun der Woch

Poppegen Indierock iwwer d'Erwuessesinn

Poppegen Indierock made am Éislek: Op hirem zweeten Album "Adult Life" séngt déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater iwwer d’Erwuessesinn an Observatiounen aus dem Alldag. Eng Portioun waarm Gittarkläng fir déi kal Joreszäit.

auto_stories

2 min

Fënnef Joer läit den Debut "Car Park" zeréck, elo presentéieren Autumn Sweater mat "Adult Life" e würdegen Nofollger. Woubäi: Ob et elo den zweeten Album ass oder eng drëtt EP, dat weess och d'Band selwer net esou genee, schreiwe si an engem Statement an iwwerloossen et den Nolauschterer. Dës Zweedeitegkeet läit vläicht dorun, datt et mat 8 Songs e relative kuerzen Disk ass, mee vläicht och e Stéck wäit um DIY-Ethos, deen den Album charakteriséiert.

Virléift fir 90s Indierock

Opgeholl gouf en nämlech leschte Wanter an enger Häip am Éislek, alles live agespillt mat just e puer Mikroen an e puer Matrasse fir de Klang ze absorbéieren. Erënnert e wéineg un de Making-of vum Debutalbum vum amerikaneschen Indiefolk-Superstar Bon Iver, dee sech och an eng Häip am Bësch verzunn hat. Zwar am Wisconsin an net zu Wolz.

Musikalesch geet et op “Adult Life” awer däitlech méi upbeat zou ewéi bei Bon Iver. Do kommen engem beim Nolauschteren éischter Indierockgréissten ewéi The Strokes, Pavement oder natierlech och Yo La Tengo an de Kapp, déi mat hirem Song "Autumn Sweater" wuel responsabel si fir de Bandnumm vun der Lëtzebuerger Formatioun. An op Songs ewéi “Do you don’t” gëtt d’Virléift fir 90s Indierock dann och ganz däitlech.

Éierlech an net perfekt

Et ass ee facettëräichen Album, dee senger Indierocklinn awer ganz trei bleift. Et ass éischter den Tempo, dee changéiert. Ënner de véier Bandmembere ginn et dräi Songschreiwer, déi verschidde musikalesch Virléiften hunn an och verschidden Aufgabeberäicher. De Philippe Demart ass fir déi méi roueg Stécker zoustänneg, säi Brudder Christophe fir d'Stécker mat e wéineg méi Tempo.

Wéi den Titel et scho verréit ass et een Disk iwwer d'Erwuessesinn. Eppes, wat der Band net ëmmer einfach fält, mee wourun si awer Spaass hunn. An ech mengen dat reflektéiert och ganz gutt de Grondtenor vun "Adult Life": Een Album, deen d'Band als esou éierlech wéi net perfekt bezeechent. Et ginn hei keng grouss politesch Statements a keen ausschwäifende Rockstar-Lifestyle. Et ass éischter d'Banalitéit vum Alldeeglechen, déi den Album dominéiert.