Radioen

On air

Notturno  |  Brigid Mae Power - Counting Down

play_arrow Live
search

/ Poopstvisitt: Dispense fir Schoulkanner gëlle just fir eent vun den 3 offiziellen Eventer

Educatiounsministère

Poopstvisitt: Dispense fir Schoulkanner gëlle just fir eent vun den 3 offiziellen Eventer

Wéi de Bistum matdeelt hu sech iwwer 10.000 Persoune fir d‘Visitt vum Poopst ageschriwwen. Dovu ginn der 650 gezunn, déi bei der Zeremonie an der Kathedral kënnen dobäi sinn. Wann och do Kanner dobäi sinn, mussen déi eng Dispens vun de Coursen ufroen. 

auto_stories

1 min

Just déi Schoulkanner, déi bei engem vun den 3 offiziellen Eventer vun der Poopstvisitt de 26. September wëllen deelhuelen, kënnen eng Dispens bei hirem Enseignant am Fondamental, respektiv hirem Regent am Secondaire ufroen. Dat huet den Educatiounsministère eis confirméiert, nodeems RTL gemellt hat, datt all Kanner kënne fräifroe fir d‘Visitt vum Poopst François.

Betraff sinn eng 220 Kanner, déi erausgesicht gi sinn fir beim Accueil um Findel an am Bëschofshaus dobäi ze sinn.

D‘Eltere mussen e Formulaire ausfëllen an ukräizen, bei wéi engem Event d‘Kand wëllt dobäi sinn.