Just déi Schoulkanner, déi bei engem vun den 3 offiziellen Eventer vun der Poopstvisitt de 26. September wëllen deelhuelen, kënnen eng Dispens bei hirem Enseignant am Fondamental, respektiv hirem Regent am Secondaire ufroen. Dat huet den Educatiounsministère eis confirméiert, nodeems RTL gemellt hat, datt all Kanner kënne fräifroe fir d‘Visitt vum Poopst François.
Betraff sinn eng 220 Kanner, déi erausgesicht gi sinn fir beim Accueil um Findel an am Bëschofshaus dobäi ze sinn.
D‘Eltere mussen e Formulaire ausfëllen an ukräizen, bei wéi engem Event d‘Kand wëllt dobäi sinn.