arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poopst Leo besicht Migrante-Griewer op Lampedusa

Italien

|
reading time

1 min

Poopst Leo besicht Migrante-Griewer op Lampedusa

De Poopst Leo XIV ass de Moie fir eng Visitt vun engem hallwen Dag op der Mëttelmierinsel Lampedusa ukomm. Déi kleng italieenesch Insel tëscht Tunesien a Malta ass zum Symbol gi fir doudeg Migranten am Mëttelmier.

reading time

1 min

© EPA/CIRO FUSCO
(Foto: EPA/CIRO FUSCO)

Kuerz no senger Arrivée op Lampedusa ass de Chef vun der kathoulescher Kierch op e Kierfecht gaangen, wou d’Griewer vu Migrante sinn, déi dat geféierlecht Iwwersetze vun Afrika an Europa net iwwerlieft hunn.

Dono huet de Poopst dunn eng Mass gehalen, an där hien Europa dozou opgefuerdert huet, méi fir d’Protektioun vu Migranten ze maachen.