arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politmonitor: Luc Frieden nees net an den Top 10

National

|
reading time

1 min

Politmonitor: Luc Frieden nees net an den Top 10

De Premier Luc Frieden géif et och am neie Politmonitor vun RTL a Lëtzebuerger Wort iwwer d'Sympathie an d'Kompetenz vun de Politiker:innen net an d'Top 10 packen. Hie verléiert awer och net: Hie bleift onverännert op der 12. Plaz. E bësse méi wéi 52 Prozent sinn zefridde mam CSV-Premier.

reading time

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Déi éischte Plaz vum beléiftsten a kompetentste Politiker geet weiderhin un den DP-Ausseminister Xavier Bettel. 

D‘Ëmfro gouf vu Mëtt bis Enn Juni gemaach – also no der Tripartite.